1. Definitiounen

Dësen Deel definéiert déi wichtegst Begrëffer, déi an der AGB benotzt ginn:

  • Service: All d'Funktiounen a Servicer, déi vun der Plattform „Babysitting.lu“ ugebuede ginn, mat dem Zil, Elteren a Babysitteren fir Babysitting-Aktivitéiten zesummen ze bréngen.
  • Plattform: D’Websäit https://www.babysitting.lu mat all hiren technesche Funktiounen an Inhalter.
  • Babysitter: All Benotzer, déi sech ënnert dem Profil „Babysitter:in“ ageschriwwen hunn.
  • Elteren: All Benotzer, déi sech ënnert dem Profil „Elteren“ ageschriwwen hunn oder anescht d'Funktiounen vun der Plattform notzen.
  • Benotzer: All Persoun, déi en Aspekt vun der Plattform „Babysitting.lu“ notzt.
  • Bedreiwer: D’Plattform https://www.babysitting.lu gëtt vun Elisabeth Jeunesse Anne Asbl, 25 ZAC Klengbousbierg, L-7795 Bissen, Tel: +352 45 07 74 - 6041 verwalt.
  • Partner: Organisatiounen, déi de Service op lokaler, regionaler an nationaler Ebene ënnerstëtzen.
  1. Bedingungen fir den Accès op d’Plattform

D’Benotze vun der Plattform „Babysitting.lu“ ass gratis a verlaangt d'Liesen an d’Akzeptéiere vun dësen AGB an der Babysitting.lu-Charta déi dozou gehéiert. Am Fall vu Verstéiss, Mëssbrauch oder Verstéiss géint d'Regelen aus dësen Dokumenter behält de Bedreiwer sech d'Recht vir, engem Benotzer den Accès ze refuséieren, säi Kont ze spären oder legal Schrëtter anzeleeden.


De Benotzer verpflicht sech, richteg Informatiounen unzeginn an dës am Fall vun Ännerunge vu senger Situatioun aktuell ze halen. Well de Benotzerkont strikt perséinlech ass, däerf de Benotzer dësen net un eng aner Persoun weiderginn an d’Login-Donnéeë musse vertraulech behandelt ginn.

  1. Ausgrenzung vun der Haftung

De Bedreiwer garantéiert keng onënnerbrachen Verfügbarkeet oder een onfeelbare Fonctionnement vun der Plattform a behält sech d'Recht vir, d’Plattform zu all Moment ze änneren oder drun ze schaffen.


Babysitting.lu bitt nëmmen d’Vermëttlung vu Kontakter via d‘Plattform un. De Bedreiwer a seng Partner sinn net haftbar fir Schied, Ongerechtegkeeten oder Konflikter, déi duerch d’Benotze vum Service entstinn, besonnesch net fir Virfäll, déi während engem Babysitting-Asaz optrieden.


De Bedreiwer gräift zu kengem Zäitpunkt an d’Vertragsbezéiung tëscht de Benotzer (Elteren – Babysitter:in) an. D’Benotzer sinn eleng verantwortlech fir d’Anhuele vun de gesetzleche Bestëmmungen, besonnesch de Sozial- a Steierbestëmmungen.
De Bedreiwer iwwerpréift net déi perséinlech oder berufflech Kompetenze vun den ageschriwwene Benotzer an ass net fir hiert Verhalen verantwortlech.

  1. Dateschutz an Datebenotzung

Geméiss der Allgemenger Dateschutzveruerdnung (GDPR) sinn, fir d’Benotze vun der Plattform z’erméiglechen, perséinlech Donnéeën wéi Numm, Virnumm, Adress, E-Mail, Telefon, IP-Adress op Basis vum Vertragsverhältnis fir den Zweck vum Clientsmanagement an der Kontaktopnam néideg.


D’Plattform kann déi folgend Donnéeën ëffentlech weisen:

  1. Virnumm
  2. Wunnsëtz
  3. Alter
  4. Geschwatene Sproochen
  5. Disponibilitéit (zäitlech a geographesch)
  6. Profilfoto (wann eropgelueden)

D’Bereetstellung vun den Donnéeën aus de Punkte 4 bis 6 ass fräiwëlleg. Bei dëse fräiwëllegen Informatioune kënnen d’Benotzer hir Zoustëmmung zu all Moment zréckzéien, wat awer d’Benotzung vu bestëmmte Funktiounen vun der Plattform aschränke kann.


D’Daten vun de Benotzer ginn esou laang gespäichert, wéi d’Persoun op der Plattform aktiv ass, oder maximal ee Joer laang ouni Aktivitéit oder Verbindung.


D’Daten ginn am Kader vum Vermëttlungsservice un aner Benotzer, un lokal Partner (Gemengen oder aner Partner) oder am Fall vun enger strofrechtlecher Enquête un d’Autoritéiten weidergeleet.


Geméiss der GDPR kann all Benotzer Zougang zu sengen Donnéeën ufroen, dës upassen oder läschen, andeems hien direkt op säin Beräich zougräift oder eng schrëftlech Ufro un de Bedreiwer stellt.

  1. Weider Informatiounen

Tarif: De Babysitter an d’Elteren definéieren zesummen ee Stonnentarif. Et gëtt geroden, dass d’Parteien sech virun der Ausféierung vun der Leeschtung eens ginn. D’Plattform stellt keng Rechnung aus a mécht keng Transaktioun tëscht de Benotzer.

Feedback: De Bedreiwer ka vu Benotzer Feedback froen, fir d’Qualitéit vum Service ze garantéieren, oder e Benotzer ka beim Bedreiwer d’onpassend Verhalen vun engem anere Benotzer oder ee Verstouss géint d’ëffentlech Uerdnung oder de respektvollen Emgang mellen.

Fotoen: Ropgeluede Profilfotoen si nëmme fir registréiert a confirméiert Benotzer sichtbar.

  1. Uwendbart Recht an zoustänneg Geriichtsbarkeet

Sollt eng Klausel vun den AGB als ongëlteg erkläert ginn, gëllt nëmmen déi betraffe Klausel als ongëlteg; de Rescht vun den AGB bleift weiderhi gëlteg.
D’AGB an allgemeng d’Relatioun tëscht dem Benotzer an der Plattform ënnerläit dem lëtzebuergesche Recht. Am Fall vun engem Rechtssträit sinn ausschliisslech d’Geriichter zu Lëtzebuerg-Stad zoustänneg.

  1. Ännerung vun den Allgemenge Geschäftsbedéngungen

De Bedreiwer behält sech d'Recht vir, dës AGB zu all Moment unzepassen. D’Benotzer ginn iwwer wesentlech Ännerungen per E-Mail oder op der Plattform informéiert. D’weider Benotzung vun der Plattform gëllt als Zoustëmmung zu den aktualiséierte Bedéngungen.