Bass du interesséiert Babysitter ze ginn? Dir no der Schoul, de Weekend oder an der Vakanz e bëssi Täschegeld ze verdéngen? Verbréngs du gären Zäit mat Kanner a géifs gäre méi gewuer gi fir si ze versuergen an ze verstoen?
Eis Formatioun bitt dir d’Geleeënheet, alles gewuer ze gi fir en zertifizéierte Babysitter ze ginn. Du léiers wéi een e Puppelche pfleege muss a wéi een optimal mat klenge Kanner ëmgeet. Eis spezialiséiert Pädagoginne ginn dir wichteg Informatiounen zu den Themen:
- d’Entwécklung vum Kand
- wats du zu sengem Wuelbefanne bäidroe kanns
- wéi’s du dech mat de Kanner beschäftegen kanns
- déi heefegst Verletzungen a Krankheete bei Kanner an hiren Ëmgang domat.
Um Enn vun dëser Formatioun bass du optimal dorop vierbereed, fir Puppelcher a Kanner kënnen ze versuergen an ze betreien.
Wichteg Informatiounen:
Wéini : 19.10.2024 vun 09:00 - 17:00 Auer
Präis : 10 Euro Schüler a Studenten / 20 Euro aner Interesséierter
Wichteg: Ee Certificat kriss du um Enn vun dëser Formatioun.
Sprooch: Däitsch
Wanns du Froen hues, kanns du op den +352 54 50 61 318 uruffen.
Wanns du Interessi hues, da mell dech mat diesem Umeldungslink un : https://schifflange.lu/2024/07/08/babysitterausbildung-2024/
Onlineaschreiwung bis de 30.09.2024