Opgrond vun der grousser Nofro bidd d'Jugendhaus Dikrich a Collaboratioun mam Centre de Formation et du développement de ARCUS a.s.bl. eng Formatioun fir zukünfteg Babysitteren un. No dëser Formatioun kanns du aktiv als Babysitter um Projet deelhuelen.
DATUM: 5. November 2021 vun 8.45 bis 17.30
WOU: zu Dikrichan der Maison de l'Orientation (7, avenue de la gare)
All Jonken Deel hëllt muss min. 15 Joer al sinn.
Mettegpaus ass vun 12.00-13.00. Opgrond vun de COVID19-Mesüren kënne mir leider kee Mëttegiessen am Kader vun der Formatioun ubidden.
D'Participatiounskäschte fir all Jonke leien bei 12.-
Leschten Delai fir sech unzemellen, ass den 29. October . Eng Umeldung ass réicht dann gëlteg, wann d'Suen um Kont vum Dikricher Jugendhaus sinn. CCPL LU61 1111 1550 6155 0000 mam Vermierk "Babysittercours + NUMM)
bei Froen, mell dech w.e.g um 80 37 64