1Wéini ass mäin Eltereprofil aktiv?
No der Verifizéierung an Aktivéierung vum Profil vun engem vun de lokale Partner gëtt de Profil vum Elterendeel op der Babysitting.lu Plattform aktiv. Dëse Prozess garantéiert datt all Profiller Sécherheets- a Qualitéitsnormen entspriechen. Wann Äre Profil aktiv ass, kënnt Dir Är Sich starten a mat Babysitter a Kontakt kommen.
2Wéini leeft mäi Babysitter Profil aus/Wéini gëtt mäi Profil desaktivéiert?
Profiler op Babysitting.lu bleiwen aktiv soulaang se den Normen vun der Plattform entspriechen an de Benotzer weider de Service ufrot. De Profil gëtt no 365 Deeg Inaktivitéit desaktivéiert.
3Kann ech mäin Eltereprofil desaktivéieren oder läschen?
Wann Dir keen Eltereprofil méi op der Websäit wëllt hunn, kënnt Dir Äre Profil an Ären Astellunge läschen.
4Wéi eng Profilfotoe sinn erlaabt (a wéi eng gi refuséiert)?
Profilfotoe musse bestëmmte Reegele befollege fir op Babysitting.lu guttgeheescht ze ginn. Si musse kloer, rezent, passend an däerfen net freizügeg sinn. D'Foto muss eleng gemaach ginn, a Portraitsfoto, a keng aner Persoun däerf drop virkommen. All Fotoen déi dëse Critèren net entspriechen, ginn ofgeleent.
5Wat ass d'Funktioun "Chat"? / Kann ech als Elterendeel d‘Babysitter kontaktéieren?
Als Elterendeel kënnt Dir Babysitteren op Babysitting.lu kontaktéiere fir Ären Interessi un hirem Profil auszedrécken. Si kënnen op Äre Message äntwere fir Detailer an hir Disponibilitéiten ze beschwätzen. De Babysitter kann sech fir eng Babysitting-Session mellen a gëtt da vun den Eltere kontaktéiert. Dës Politik hëlleft eng positiv a respektvoll Erfarung fir all Benotzer vun der Plattform ze garantéieren.
6Wéi sichen ech no engem Babysitter?
Fir e Babysitter op Babysitting.lu ze sichen, mellt Iech an Ärem Kont un a gitt op d'Sichsäit. Benotzt d'Filtere fir Är Virléiften, wéi de Standuert an Disponibilitéiten ze präziséieren. Kuckt d'Profiller déi Äre Critèren entspriechen a wann Dir e potenzielle Babysitter fonnt hutt, kontaktéiert en duerch d‘"Chat-Funktioun“ fir Är Bedierfnesser ze beschwätzen an ee Kenneléiergespréich ze arrangéieren.
7Wéi erstellen ech eng nei Babysitting-Session?
Fir eng nei Session oder en neie Slot op Babysitting.lu ze kreéieren, loggt Iech an Äre Kont an a gitt op Ären Dashboard. Wielt d'Optioun fir eng nei Session bäizefügen. Setzt den Datum, d‘Start- an Ennzäiten, an all aner wichteg Detailer fir d'Session. Wann Dir d'Session bestätegt, gëtt se um Site publizéiert an d’Babysitter kënnen sech dofir bei Iech mellen.
8Wat ass ee Kenneléiergespréich a firwat ass dat essenziell?
Wann d'Elteren an d'Babysitter fir d'éischte Kéier op Babysitting.lu kommunizéieren, ass et recommandéiert ee Kenneléiergespréich ze organiséiere fir ee Vertrauensverhältnes opzebauen an eng besser Kompatibilitéit ze garantéieren. D'Eltere kënnen hir Kanner hir Bedierfnesser, Routinne a spezifesch Ufuerderunge beschwätzen, wärend Babysitter sech selwer virstellen an iwwer hir Erfarung schwätzen. Dëst Gespréich erlaabt dir, kloer Erwaardungen ze definéieren an d'Fundamenter vun enger positiver Bezéiung opzebauen. Babysitting.lu recommandéiert, déi wichteg Detailer vun dësem Gespréich ze dokumentéieren. Eng "Checklëscht" kann an der Rubrik „Ressourcen an Dokumenter“ erofgeluede ginn.
9Ginn et Tools oder Checklëschten fir Babysitter?
Jo, Babysitting.lu stellt detailléiert Handbicher, Checklëschten a pädagogesch Dokumenter zur Verfügung fir d’Babysitter doran ze ënnerstëtzen, hir Missioun erfollegräich z'erfëllen. Dës Ressourcë sinn ëmmer op der Plattform zougänglech fir sécher an effektiv Babysittingpraktiken ze ënnerstëtzen.
10Wat sinn d’Qualifikatioune vun de Babysitter ?
All Babysitter, déi um Site ugemellt sinn, hunn eng spezialiséiert Ausbildung vun op d'mannst aacht Stonne mat enger vun de Partnerorganisatiounen ofgeschloss. Dës Formatioun beinhalt d'allgemeng Bedéngunge vum Babysitting, essenziell Kommunikatiounsfäegkeeten, Kannerkrankheeten, Kannerentwécklung an Aktivitéite fir Kanner (detailléiert Informatioune kritt Dir, andeems Dir op d'Charta Babysitting.lu klickt).
11Bezuelung vum Babysitter ?
D'Plattform geréiert keng Babysitter-Bezuelungen. Elteren a Babysitter verhandelen d’Formalitéiten zu den Tariffer an de Bezuelbedingungen wärend dem Kenneléiergespréich. Babysitting.lu recommandéiert als Richtlinn zu der Bezuelung d‘Normtariffer fir Studenten, déi vun der
“Inspection du Travail et des Mines” (ITM) festgeluecht ginn.
12Zwecker (Versécherung an Haftung)
Babysitting.lu déngt als Plattform fir den Austausch tëscht Elteren a Babysitteren an ass net méi verantwortlech fir dat wat ausserhalb vun der Plattform ausgemaach oder ënnerholl gëtt (Kenneléiergespréich, Babysitting, asw.).
Am Fall vu Schued ass Babysitting.lu net verantwortlech an d'Entschiedegung ënnerläit der Assurance vun den Elteren oder dem Babysitter.
13Wat ass d'Charta vu Babysitting.lu?
D'Charta vu Babysitting.lu beschreift d'Richtlinnen a Prinzippie vun der Plattform. D‘Charta kläert d'Rechter a Pflichte vun Elteren a Babysitteren, Charta garantéiert e fairen Ëmgang an héich Qualitéitsnormen. Detailléiert Konditioune fir d'Schafung an d'Validatioun vu Profiller, d'Verantwortung vun de lokale Partner an d'Qualitéitskontrollmoossnamen si kloer definéiert, fir e vertrauenswürdege Service z'erhalen. D'Charta definéiert och de Management vu Reklamatiounen, d’Feedback-Mechanismen a garantéiert doduerch eng kontinuéierlech Verbesserung vun der Plattform.
14Wat ass d'Funktioun vum "Alarmknäppchen"?
Als registréierte Benotzer kanns du d'Fonctioun "Alarmknäppchen" am Fall vun Zweifel oder Violatioun benotzen. Dës Fonktioun ass nëmme sichtbar no der Umeldung a gouf agefouert fir Elteren a Babysitteren z'erméiglechen sou séier wéi méiglech Ënnerstëtzung an Hëllef ze kréien.
15Kontakt an Ënnerstëtzung
D'lokal Partner vun Babysitting.lu (Gemengen, lokal Servicer fir Kanner, Jugendlecher a Familljen an Lycéen) schaffen mat der Plattform fir d'Benotzerprofiler ze validéieren an ze garantéieren datt se de Sécherheets- a Qualitéitsnormen entspriechen. Si kënnen Babysitting-Formatiounen ubidden, hëllefen déi allgemeng Qualitéit vum Service z'erhalen an ënnerstëtzen den Onboarding vun neie Benotzer.
D'Partner spillen an Zesummenaarbecht mat der Koordinatioun vu Babysitting.lu eng entscheedend Roll fir d'Gemeinschaft z'ënnerstëtzen andeems se Ressourcen an ee lokale Service ubidden. Si kënne Formatioune fir Babysitter organiséieren an dofir suergen, datt all Participanten déi néideg Qualifikatiounen a Standarden erfëllen, déi vu Babysitting.lu festgeluecht goufen.
Fann all eis Partner hei
E Service vun Elisabeth Jeunesse
Elisabeth Jeunesse, e mam Ministère de l’Educatioun Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse conventionnéierten Service, bitt vill Aktivitéiten, wéi Jugendhaiser, Stagen, Vakanzekolonien, Projeten, asw. fir Jonker vun 12 bis 29 Joer.
Elisabeth Jeunesse koordinéiert Babysitting.lu a bitt duerch qualifizéiert Mataarbechter eng nohalteg Entwécklung a Qualitéit vum Service.
Weider Informatioune fënns du um Internetsite
elisabethjeunesse.lu