Wëllkomm op Babysitting.lu !

Eis innovativ Plattform verbënnt Famillen, déi qualitativ héichwäerteg a vertrauenswürdeg Kannerbetreiung sichen, a jonk Babysitter:innen. Mir wëssen wéi wichteg et fir Elteren ass, zouverlässeg a forméiert Babysitter:innen ze fannen, a mir beméien eis, dee Prozess fir déi zwou Parteien méi einfach ze maachen. Eis Missioun ass et, eng sécher an ënnerstëtzend Gemeinschaft ze kreéiere wou d'Eltere mat forméierte Babysitter:innen kënne verbonne ginn,

Duerch, am Moment, iwwer 30 national Partner (Gemengen, Kanner-, Jugend- a Familljeservicer a Schoulen) soll d'Qualitéit vu Babysitting.lu garantéiert ginn. Gitt méi iwwer d'Virdeeler vun der Partnerschaft, fir Iech an all Elteren a jonk Leit an Ärer Géigend, gewuer a setzt Iech mat eis a Kontakt.

Eist Engagement fir Sécherheet a Qualitéit

Sécherheet a Vertraue sinn eis Haaptprioritéite bei Babysitting.lu. Mir leeën Wäert drop, datt all Kand a gudden Hänn ass, dofir hu mir streng Sécherheetsmoossnamen:

Néideg Formatioun
All Babysitter:in op eiser Plattform huet mindestens aacht Stonne Babysitting-Formatioun mat engem vun eise lokale Partner gemaach. Dës Formatioun enthält allgemeng Babysittingbedéngungen, wesentlech Kommunikatiounsfäegkeeten, pediatresch Krankheeten, d‘Kannerentwécklung an Aktivitéite fir Kanner (detailléiert Informatioun kënnen an der Babysitting.lu Charta nogelies ginn).

Validéiere vum Profil
Babysitter:innen-Profiller si nëmmen aktivéiert nodeems se vun eise Partner iwwerpréift a validéiert goufen, fir sécherzestellen datt all Babysitter:innen, déi op der Plattform ee Profil hunn, zertifizéiert an zouverlässeg sinn.

Zweck
Babysitting.lu déngt als Austauschplattform tëscht Elteren a Babysitter:innen an ass net méi verantwortlech fir alles wat ausserhalb vun der Plattform ausgemaach gëtt (Kenneléiertreffen, Babysitting-Sessioun, etc.).

Am Fall vun engem Schued ass Babysitting.lu net haftbar an d'Entschiedegung ass ënner der Verpflichtung vun der Versécherung vun den Elteren oder dem/der Babysitter:in.

E Service vun Elisabeth Jeunesse
Elisabeth Jeunesse ass zoustänneg fir d’Koordinatioun vu Babysitting.lu an ass en, duerch eng Konventioun mat der Ministère de l'Education Nationale de l’Enfance et de la Jeunesse, héichqualitative Service fir Jonker. Qualifizéiert Mataarbechter:innen garantéieren eng, an Zesummenaarbecht mat de Partner, nohalteg a kontinuéierlech Entwécklung vu Babysitting.lu.

Elisabeth Jeunesse bitt Jonken tëscht 12 an 29 Joer vill Offeren, wéi Jugendhaiser, Formatiounen, Vakanzecolonien, Projeten, asw. Weider Informatiounen fannt Dir op der Websäit elisabethjeunesse.lu

Gitt ee vun eise vertrauenswürdege Partner

Mir ënnerstëtzen d’Relatioun tëschent Elteren an Babysitter fir e séchert an harmonescht Ëmfeld ze garantéieren